Vun den 2,1 Millioune Mënschen, déi de Militär-Stëtzpunkt stierme wollten, hunn am Ganze just 100 Persoune beim Agank vum geheimen Terrain gewaart.

D'Versammlung an der Wüst schéngt méi eng friddlech Party wéi en Opstand géint d'amerikanesch Verschleierung-Politik gewiescht ze sinn. Just 100 Leit hu beim Gank vun der Area 51 gewaart, fir d'Grondstéck no laangem Waarden endlech stiermen ze kënnen. Déi aner hu gemittlech zu Las Vegas oder zu Rachel gefeiert, engem klengen Duerf, an deem et just ee Motel an eng Kierch gëtt.

Hannergrond

Wat als Spaass vun engem Student ugefaangen huet, gouf e Freideg a Realitéit ëmgesat. Dausende vu Leit hu sech virun Militär-Stëtzpunkt versammelt.

Nom Motto "Si kënnen eis net all ophalen", gouf op Facebook eng Grupp gegrënnt, fir an d'Mekka vun de Verschwierungstheoretiker anzedréngen. D'US-Loftwaff huet virdru gewarnt, de Site illegal ze betrieden.

Vill US-Amerikaner sinn dovun iwwerzeegt, dass de Ministère fir Verdeedegung an d'Air Force Informatiounen iwwert ausserierdescht Liewen geheim hale géingen. Ob an der Wüst wierklech Experimenter mat Aliens gemaach ginn, wäert sech deemno geschwënn erausstellen.