Ëmmer nees krute Kandidaten ze héieren, dass si eng Aarbechtsplaz op Grond vun hiren Tattooe refuséiert kruten. Domat soll elo Schluss sinn.

Dat mengt jiddwerfalls de Michael T. French, Professer fir Gesondheetsekonomie zu Miami. A senger Etüd goufen 2000 Participanten aus 50 amerikanesche Staaten an hir Bewerbunge genau ënnert d'Lupp geholl. Zu sengem Erstaunen huet hie festgestallt, dass tätowéiert Leit deelweis besser Chancen op eng Plaz hätte wéi Kandidaten ouni Faarf ënnert der Haut. D'Zäiten, an deene just Séifuerer oder Prisonéier Tätowéierungen haten, si längst eriwwer. Hautzedaags ass et eng Kierperkonscht, eng Aart a Weis, seng Perséinlechkeet kreativ auszedrécken.

Och den Andrew Timming vun der University of St. Andrews ass iwwerzeegt dovun, dass en Tattoo e positiivt Bild vun enger Entreprise vermëttele kann. An der Moudebranche oder am kulturelle Beräich sinn d'Motiver op der Haut „en effikasst Marketing- a Branding-Instrument." An der Gastronomie gëtt den Ink-Trend och gär gesinn, well en eng jonk Clientèle unzitt. Am grousse Ganzen hëllefe siichtbar Tattooen dobäi, fir dass Organisatiounen a Firme besser bei enger jonker Zilgrupp ukommen.

Soulaang d'Kierperkonscht mat der Philosophie vun enger Entreprise kompatibel ass, steet engem Besuch beim Tätowéierer näischt méi am Wee.