Eigentlech wollt Metallica vum 17. Oktober un nees op Tour goen, ugefaang mat Australien an Neiséiland. Doraus gëtt elo awer näischt.

An Australien hat Metallica 6 Optrëtter geplangt, an Neiséiland 2.

E Freideg den Owend huet d'Band an engem Statement op Twitter annoncéiert, wéi et ëm de Gesondheetszoustand vum Sänger James Hetfield steet. De Metallica-Frontmann huet zanter Jore mat senger Sucht ze kämpfen a muss deemno elo nees a Behandlung.

D'Alkoholproblemer vum James Hetfield hu schonn an der Vergaangenheet fir Problemer gesuergt, och ënnert de Bandmemberen. 2001 war d'Sucht esou schwéier, dass sech den Hetfield fir ganzer 11 Méint an eng Klinik aweise gelooss hat. Zanterhier war et nees méi roueg ginn.

Et ass déi éischte Kéier zanter 18 Joer also, dass hie sech wéinst Alkohol muss behandele loossen. Wéi laang d'Auszäit dës Kéier dauert, ass nach net gewosst.