An engem Erotik-Buttek an Neiséiland gouf en Elvis-Doppelgänger dobäi erwëscht, wéi hien eng Sex-Spillsaach geklaut huet.

Mat senger Paréck an dem grousse Sonnebrëll wier hien dem Personal direkt an d'A gesprongen. Berühmt ass dësen Elvis-Double awer net duerch säi musikalescht Talent ginn, mä duerch säin Abroch am Geschäft "Peaches and Cream".

Nodeems seng Kreditkaart an der Kees refuséiert gouf, ass den Déif mat der Spillsaach "Like a Virgin" aus dem Sex Shop gestiermt.

D'Beamte vun der Police goufen iwwert de Virfall informéiert. Et wier net déi éischte Kéier, dass an dësem Erotik-Commerce Géigestänn geklaut goufen. Lescht Woch e Freideg hätt sech eng Fra ouni ze Bezuelen mat lauter Vibratoren aus der Bascht gemaach. Ongeféier ee Mol d'Woch géingen an deem Geschäft Spillsaachen an aner Erotik-Géigestänn geklaut ginn.