Mat engem Oper-Gesangsoptrëtt an der Metro huet eng Sans-Abris zu Los Angeles vill Opmierksamkeet kritt. Polizisten hate si gefilmt.

"4 Millioune Mënschen nennen LA hiert Doheem. 4 Millioune Geschichten. 4 Millioune Stëmmen... heiansdo braucht der just stoen ze bleiwen an enger nozelauschteren, fir eppes Wonnerschéines ze héieren."

Mat deene Sätz huet d'Police vun LA de Video vum Emily Zamourka gepost, op deem si hire Weenche mat hirem eenzege Besëtz nozitt, e puer Tuten am Grapp an dobäi eng Arie vum Giacomo Puccini séngt. Den ergräifende Gesangsoptrëtt huet hir elo zu onerwaarter Berühmtheet verhollef.

Zanter de Clip en Donneschdeg verëffentlecht gouf, ass e massiv verbreet ginn.

Bei der Sans-Abris handelt et sech ëm déi 52 Joer al Emily Zamourka, eng diploméiert Musekerin, déi souwuel Gei a Piano spillt a mat 24 Joer aus Russland an d'USA komm ass. Eng Ausbildung als Operesängerin huet si net, si hätt als Joffer an den USA geschafft, ier si wéinst gesondheetleche Problemer op der Strooss gelant wier.

Den Ament géif si op engem Kartong op engem Parking schlofen. "Et gi Mënschen, deenen ech leed dinn, awer ech wëll kengem zur Laascht falen." Hëllef wéilt si awer gär unhuelen, fir vun der Strooss fortzekommen an en Doheem fir sech an hir Museksinstrumenter ze fannen. Ma och da géif si weiderhin an der Metro sangen. D'Akustik do wier immens.