En Hotel vum Fast-Food-Fan Donald Trump gouf elo mat enger kulinarescher Auszeechnung geéiert.

De Sushi-Restaurant am Trump International Hotel zu Washington huet vum Guide Michelin e Stär kritt. De Restaurant, dee vum Kichechef Daisuke Nakazawa geleet gëtt, ass definitiv e Stopp wäert, heescht an der neier Michelin-Editioun, déi en Dënschdeg verëffentlecht gouf.

Den "intimen an elegante" Restaurant am Hotel vum US-President huet mat sengem Schwéierpunkt op "Qualitéit, saisonaalt Iessen an Technik" iwwerzeegt. Souguer en 20-Gäng-Menü léisst keng Wënsch offen. Wien allerdéngs spontan wëll dohin iesse goen, gëtt enttäuscht, op d'mannst ee Mount am Viraus muss een do en Dësch reservéieren.

An der 4. Editioun vum Guide Michelin fir Washington goufen am Ganzen 22 Stäre fir 18 Restaurante verdeelt.