De Barack an d'Michelle Obama feieren den 3. Oktober hiren Hochzäitsdag. 27 Joer si si mëttlerweil bestuet an nach ëmmer wéi frësch verléift.

An hiert Gléck deele si och ganz gär mat Jidderengem. Op de soziale Reseauen hu si sech géigesäiteg léif Message geschéckt, déi der Welt solle weisen, wéi frou si nach ëmmer matenee sinn.

De fréieren US-President Barack Obama a seng First Lady hu sech den 3. Oktober 1992 d'Jo-Wuert ginn a posten zanterhier romantesch Biller vu sech op Instagram an Twitter.