Mat dësem Client hat en Taxichauffer zu Nottingham net gerechent...

Nodeems den Nayyar Tabasam säi Client ofgesat hat, huet hie vun enger Sekonn op déi aner en haarde Knall héieren. Eng Gäns ass duerch d'hënnescht Fënster vu sengem Gefier geflunn. Wuel gemierkt: D'Fënster vum Taxi war net op. Matzen an de Schierbelen huet den Taxichauffer de blanne Passagéier op der Réckbänk fonnt.

"Ufanks duecht ech, dass een eppes op den Auto gehäit hätt, dofir hunn ech lues gemaach, fir ze kucken, ob een an der Géigend stoe géing. Et war awer keen do", sou de Mann der BBC.

Fir eng Kontroll gouf d'Déier bei de Veterinär bruecht. Dësen ongewéinlechen Tëschefall huet net nëmmen am Internet, mä och bei der Radford Road Police fir Laache gesuergt. De Virfall ass bei de briteschen Awunner esou gutt ukomm, dass en zu der News vun der Woch gouf.