En Dënschdeg gouf de Rekord-Jackpot vun 190 Milliounen Euro geknackt. En Awunner aus Groussbritannien däerf sech elo wuel iwwert en neit Liewe freeën.

Hien hat ganz eleng déi richteg Zuelen, déi dës Kéier waren:

7 /10 /15 /44 /49 an d'Stären 3 an 12.

4 aner Persoune kënne sech dann awer nach iwwer eng Gewënnzomm vu ronn 5,2 Milliounen Euro freeën, well si 5 richteg Zuelen haten an 1 richtege Stär.

5 Zuelen eleng richteg sinn da "just" nach duergaange fir 24'862,4  Euro ze gewannen. Dat war fir 25 Persounen de Fall.

Hei den Iwwerbléck vun de Gewënner.

Euromillions gëtt an 9 europäesche Länner gespillt: Belsch, Frankräich, Groussbritannien, Irland, Éisträich, Portugal, Spuenien, Schwäiz a Lëtzebuerg.