Et gi verschidde Méiglechkeeten, wéi ee mam Doud vun enger Persoun ëmgeet, déi engem no stoung. Voll am Trend ass et, hir Tattooen z'exposéieren.

Richteg gelies: Déi doudeg Haut kann neierdéngs doheem opgehaange ginn. Lancéiert gouf de Projet "Save My Ink Forever" zu Northfield am Bundesstaat Ohio.

Grad, well d'Tätowéierungen de verstuerwene Mënschen esou vill bedeit hunn, ass et wichteg, se no hirem Doud ze versuergen, sou de Kyle Sherwood, ee vun de Grënner vun dem aussergewéinleche Konzept. Sou makaber wier "Save my Ink Forever" guer net, well d'Leit jo och d'Urne mat den Äschen am Haus stoen hunn, betount hien.

© Twitter / Save My Ink Forever

De Prozess, d'Haut ze preservéieren, ass allerdéngs net esou einfach, wéi ee vläicht mengt. Ganzer 3 bis 4 Méint dauert et, bis de Client d'Konschtwierk an enger Rumm mat heem kritt. 72 Stonnen nodeems eng Persoun gestuerwen ass, gëtt d'Tätowéierung operativ ewechgemaach, éier oder nodeems d'Läich abalsaméiert gouf.

Hirer Aarbecht sinn allerdéngs och Grenze gesat: Tattooen am Gesiicht oder am Intimberäich dierfen net vum Läichnam erofgeschnidde ginn. Ufroen, fir mat der bonter Haut Luuchteschiermer oder Bicherdeckelen ze verzieren, huet d'Entreprise refuséiert: "Mir versichen, de Familljen ze hëllefen, de leschte Wonsch vun de Verstuerwenen ze erfëllen, an net, eng Freakshow ze kreéieren", ënnersträicht Kyle Sherwood. En ëmstriddent Konzept, virun deem sech och vill Leit eekelen oder schudderen...