Vill Mënsche kennen d'Duerteldauf just als Spëtznumm fir verléifte Koppelen, an net als Déier, dat et och a Wierklechkeet gëtt.

De Bestand vun dëser Zort Villercher wier an der Lescht esou drastesch erofgaangen, dass en zum "Vull vum Joer 2020" gewielt gouf. Dëst ass déi éischte Kéier, datt e Villchen ausgezeechent gouf, dee weltwäit vum Ausstierwe bedrot ass. Zanter 1980 sinn eleng an Däitschland bal 90% vun dëser Spezies verschwonnen.

Hiren Numm krut d'Duerteldauf vun hirem charakteristesche "turr, turr", deen d'Déier vu sech gëtt. De laténgeschen Numm ass "Streptopelia turtur". Si gëtt 26 bis 28 Zentimeter héich a weit ëm 100 bis 180 Gramm.

Enn Juli flitt d'Duerteldauf a Richtung Sahara, fir de Wanter iwwer do ze verbréngen.