Déi 81 Joer al Schauspillerin huet um Freideg an der US-Haaptstad un enger Manifestatioun fir de Klimaschutz deelgeholl.

D'Jane Fonda ass am Kader vun där Demo beim Kapitol  zu Washington D.C. festgeholl ginn.

Dës Aktioun, déi se "Fire Drill Friday" nennt, wëll se nach 13 Woche laang duerchzéien, bis si nees fir hir Nertflix-Serie "Grace and Frankie" dréie muss.