2000 € vum leschten Oktoberfester, dee vum FC Etzella organiséiert gëtt, goufen un den Télévie gespent, déi d'Diane Wunsch mat Freed entgéintgeholl huet.

No der Scheckiwwerreechung huet de Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf mam President vum Futtball-Club Tun Di Bari taditiounsgemäss d'Faass opgeschloen a mam O' Zapft is war d'Editioun 2019 lancéiert.

© Ketty a Rom Hankes

Nei war dëst Joer, dass d'Bühn an der Mëtt vun der Hal stoung.

Déi hollännesch Museksgrupp "Wahnsinn" an Hoffi Zambesi hunn ofwiesselnd fir eng mega Stëmmung gesuergt.