D'Jackette vum verstuerwenen Nirvana-Sänger Kurt Cobain kënnt dës Woch zu New York ënnert den Hummer.

D'Auktiounshaus "Julien's Auctions" rechent mat engem Erléis tëscht 200.000 an 300.000 Dollar (ëmgerechent 179.000 an 269.000 Euro) fir d'gestréckte Jackette, déi de Grunge-Museker bei der Opnam vum "Unplugged"-Album am Joer 1993 unhat.
Dës Jackette wier dat wichtegst Kleedungsstéck, dat de Sänger jeemools unhat an trotz groussem Zigarette-Brandlach wéi den "Hellege Gral" vum Cobain-Gezei ze gesinn. Schonn 2015 war d'Jackette versteet ginn, fir 137.500 Dollar.

Bei der Stee gëtt och d'Fender-Mustang-Gitarr fir Lénkshänner versteet, déi de Cobain bei senger Tour "In Utero" gespillt hat. D'Instrument kéint 500.000 Dollar abréngen.

Bei der Stee "Ikonen an Idoler: Rock'n'Roll" e Freideg an e Samschdeg zu New York kommen am Ganzen 700 Objeten aus dem Besëtz vun enger ganzer Rei Musekstars ënnert den Hummer.