D'US-Verkafschaîne Macy's huet op den Drock vun Déiereschützer reagéiert an hëlt vun 2021 u sämtlech Produite mat echtem Pelz aus hire Butteker.

Macy's verzicht schonn zanter enger Zäitche bei hirer eegener Mark op Echtpelz. Elo och op esou Produite vu Vertragspartner ze verzichten, wier den nächste Schratt. De Macy's-Chef Jeff Genette huet annoncéiert, dass si scho méi laang mat Clienten an Déiereschutzorganisatiounen iwwer den Ëmgang mat Pelzproduiten am Austausch wieren.

D'Cliente mat enger Virléift zu Pelz sollte sech awer keng Suerge maachen. An Zukunft géif een den Accent méi op "héichwäerteg a moudesch" Konschtfell-Produiten an e Rayone leeën. Et wier een donieft och op der Sich no weideren Alternative fir echt Pelzer.

Am Mee hat Prada matgedeelt, keng Déierepelzer méi fir hir Kollektiounen ze benotzen. Zanterhier schléisse sech ëmmer méi Designer dëser Decisioun un.