Zu Chengdu kënnen d'Besëtzer hir Véierbeener an e Pandabier ëmfierwe loossen. En Trend, dee vu villen Déiereschützer staark kritiséiert gëtt.

Alles huet mat 6 Chow-Chowen ugefaangen, déi am Panda-Look duerch e Café zu Chengdu getrëppelt sinn. An engem Video vun "Hongxing News" erkläert de Proprietär vum Lokal, dass déi schwaarz-wäiss Fellnuesen esou gutt bei de Clienten ukomm sinn, dass hie sech entscheet huet, och Hënn vu frieme Leit ze "stylen".

1500 Yuan, ëmgerechent ëm 190 Euro kascht de Look. Eng Aktioun, déi eng emstridden Debatt an de sozialen Netzwierker ausgeléist huet. Vill Leit kritiséieren, dass d'Faarfstoffer den Déiere schuede géingen. De Besëtzer vum Café betount allerdéngs, datt seng Faarwe keng Gefor fir de beschte Frënd vum Mënsch duerstelle géingen.

Eng Rëtsch Déierendoktere widderspriechen dëser Ausso: Et géing hinnen duerchaus schueden.