Zu Tokyo an enger Karaoke Bar huet de weltbekannte Sänger säin Talent nees ënner Beweis gestallt...

Dës Kéier allerdéngs net mat sengen eegene Lidder, mä mat enger éischter aussergewéinlecher Performance. An engem Pokémon-Kostüm huet den Ed Sheeran e Lidd vun de Backstreet Boys gesongen. Och wann deen een oder anere Toun net getraff gouf, waren d'Spectateure sech eens: Dovu wëll een an Zukunft méi héieren... oder gesinn!