Iwwer 155.000 Follower huet "bee_nfluencer" op Instagram. Ma den Account existéiert net just zum Spaass.

Zil vum Account ass u sech einfach. De User wëll op d'Beiestierwen opmierksam maachen an esou Sue sammelen, fir d'Iwwerliewe vun den Déieren ze sécheren.

Et ass eng simpel Iddi, fir Opmierksamkeet fir eng gutt Saach ze kréien. D'Ëmsetzung dogéint ass ëm sou méi kreativ. Et gesäit een d'Bei an de méiglechsten oder besser gesot den onméiglechste Situatiounen. Esou, wéi een och vill "Influenzer" an de soziale Medie gesäit... Beim Yoga maachen op der Strooss, virum Louvre zu Paräis oder an der Buedbidden. A mat dëse Biller a wuel och wéinst de ville ville Follower, huet d'B. och schonn e Werbevertrag u Land gezunn. Dat vun engem Schwäizer Kräuterbonbon, déi sech, dem Instagram-Accout vum B. no, och fir de Schutz vun de Beien asetzt.