Wéi d'däitsch Police schreift, hunn Onbekannter an der Nuecht op en Dënschdeg an Niedersachsen 2.000 Liter Béier geklaut.

Der Police no goufe 40 Fässer mat all kéiers 50 Liter vun engem Firmenterrain vun engem Grosiste matgoe gelooss. Fir den Transport gouf wuel e gréissert Gefier benotzt.

Wéi d'Beamte vu Lingen an der Ems weider matgedeelt hunn, ass den Tëschefall an der Nuecht op en Dënschdeg geschitt. Duerch en Zonk goufen d'Fässer iwwer e Feld bis bei d'Gefier transportéiert, wat wuel iergendengem misst opgefall sinn. D'Police freet dowéinst och no Zeien.