Zanter e puer Deeg geet op Facebook en Text ronderëm, dee vill Leit op d'mannst zum schmunzele wäert bruecht hunn.

"Le Franglëtzdelish" misst fir déi, déi véier Sprooche beherrschen, e flotte klengen linguisteschen Exercice sinn.

Ma ganz sou einfach ass et awer net, wat wuel och de Succès vun dësem Text op Facebook erkläert.

Mir hunn eise Profi-Speakeren hei an den RTL-Redaktiounen dat ganzt emol ze liese ginn, natierlech ouni datt se e virdrun hunn dierften üben.

Hei eemol de kompletten Text