E Mëttwoch huet den däitschen Ex-RTL-Moderator Walter Freiwald op Twitter bekannt ginn, datt hien doudkrank ass.

De Walter Freiwald huet seng Karriär bei "Radio Luxemburg" als Redakter ugefaangen a war duerno och Moderator um Radio. 1989 ass hien du bei d'Tëlee gewiesselt an huet mam Harry Wijnvoord d'Sendung "Der Preis ist heiß" moderéiert.

Am Januar 2015 war de Walter Freiwald iwwerdeems Kandidat bei der Sendung "Ich bin ein Star - Holt mich hier raus!".