6 Méint ass et hier, dass den Archie d'Liicht vun der Welt erbléckst huet.

Den Ament zirkuléiere Rumeuren an de sozialen Medien, dass d'Koppel Nowuess soll plangen. E Mëttwoch waren den Duke and d'Duchess of Sussex nämlech a Gespréicher mat Eltere verwéckelt, déi si encouragéiert hunn, en zweete Puppelchen ze kréien. Den Harry wollt wëssen, wéi et wier, en zweet Kand ze hunn, a soll sech immens dofir interesséiert hunn, sou eng vun de Fraen, déi hie getraff huet.

Ganz iwwerraschend ass dës Noriicht allerdéngs net. An engem Interview mat der britescher Vogue sot d'Meghan, dass hatt zwee Kanner wéilt hunn. Ob dem Archie seng zukünfteg Schwëster respektiv säin zukünftege Brudder a Groussbritannien op d'Welt komme soll, ass net gewosst. An enger Dokumentatioun huet d'Meghan erzielt, dass et schwiereg gewiescht wier, schwanger ze sinn, ouni d'Famill an d'Frënn am Ëmkrees ze hunn.

Ob dës Rumeur stëmmt, ass net gewosst. Et ass awer net ze iwwersinn, dass den Harry e grousse Frënd vu Kanner ass a sech mat Kleng a Grouss gutt versteet.