"Et fänkt een net un a gutt Restauranten ze goen, wann een Tester gëtt, et gëtt een Tester, well ee gewinnt ass, a gutt Restauranten ze goen."

Dëst seet de Restaurantskritiker.

Mir kruten en exklusiven Interview vun engem Mann, deen zënter 7 Joer Restaurante fir de Restaurantsguide Gault&Millau hei am Land teste geet. Em déi 80 Restauranten hëlt hien all Joer ënnert d’Lupp a schreift doriwwer e Rapport.

Hien geet als normale Client an de Restaurant a muss dobäi op e puer Punkten oppassen, fir dass en net als Restaurantskritiker entlarvt gëtt. Zum Beispill geet hien ni eleng iessen, da wier een direkt suspekt. All Restaurantstester bezilt seng Rechnung selwer a muss déi, zesumme mat engem Rapport vu mindestens 8 Säiten, an d’Redaktioun vu Gault&Millau eraschécken.

Fir hien ass et en Hobby Restaurantstester ze sinn, eppes wat hien nieft sengem alldeegleche Beruff mécht.