Zesumme mat Canopy Growth lancéiert de kanadesche Museker Drake seng eege Cannabis-Mark.

De Sëtz vun der Entreprise wäert a senger Heemechtsstad zu Toronto sinn, wéi Canopy Growth en Donneschdeg matgedeelt huet. Dem Drake no wier dat e Geschäft, dat den Ament um "boome" wier.

Zanter engem Joer ass Cannabis a Kanada legal. Kritiker warne virun de gesondheetleche Schied, déi de Konsum uriichte kann.