Eng Relatioun, déi ee just aus Disney-Filmer kennt, ass op en Enn gaangen. De Geessebock Timur ass en Dënschdeg gestuerwen.

Dat huet de Leeder vum Déierepark matgedeelt, an deem déi zwee Säit u Säit gelieft hunn. 2015 gouf de Geessebock an d'Revéier vum Tiger eragelooss, fir vu sengem natierleche Feind giess ze ginn. Aus der geplangter Moolzecht ass awer eng onerwaarte Frëndschaft ginn.

Mat der Zäit huet sech d'Verhältnis tëscht dem Amur an dem Timur allerdéngs verschlechtert. Iergendwann goufen déi zwee vunenee getrennt. Dat, nodeems de Bock vun engem Fiels gefall ass, wat duerch eng Reaktioun vum Tiger ausgeléist gouf. Vun do un huet sech de Gesondheetszoustand vum Timur verschlechtert. Hien huet sech net méi vu senge Blessuren erholl.

Fir dem Geessebock déi lescht Éier z'erweisen, gëtt eng Bronz-Statur bei sengem Graf opgeriicht.