Well säi Kueder 2 Kilo ze schwéier war, fir an der Kabinn mat ze fléien, huet sech e russeschen Déierefrënd eppes missen afale loossen...

Virum Check-In huet hie seng Kaz duerch e méi ëmpege Kueder ersat, dee vum Personal zu Moskau um Fluchhafe gewie gouf. En Tosch, dee kengem opgefall ass, bis de Galin houfreg op Facebook eng Foto vu sengem Véierbeener gepost huet mam Commentaire: "D'Operatioun, den décke Viktor mat der Miniatur-Kaz Phoebe auszetauschen, ass gelong."

E Post, deen de Galin besser gehat hätt, sinn ze loossen. Aeroflot huet dem Kazefrënd seng Aktioun alles anescht wéi gefall an huet eng Enquête ageleet. Ausserdeem gouf hien aus dem Programm gestrach, mat deem hie Bonusmeile gesammelt huet.