Eng Decouverte, mat där wuel kee gerechent hätt: 3 Kéi, déi wärend dem Hurrikan "Dorian" ewechgespullt goufen, goufen no knapp 3 Méint erëmfonnt.

Wéi de Spriecher vum Nationalpark B.G. Horvat dem Charlotte Observer matgedeelt huet, wären d'Déiere vum Hurrikan matgerappt ginn a sinn du bal 8 Kilometer duerch d'Mier geschwommen. Sou hätte si Outer Banks erreecht, wou si op enger Insel hiert Liewen a vollen Zich genéisse géingen.

Glécklecherweis wäre si net matzen an den Atlantik matgerappt ginn, wéi et bei enger Abberzuel wëlle Päerd de Fall war. Dës goufen un engem Strand dout opfonnt.

Hiert Liewensenn wäerten d'Kéi awer net un der Plage verbréngen, si ginn nämlech nees op hir Weed zeréckbruecht. Dës Kéier mussen d'Véierbeener awer net schwammen, mä e Schëff rapatriéiert si. Eng Aventure, déi si wuel ni méi vergiesse wäerten.