Et ass weltbekannt, dass ee fir d'Finanzéierung vun der eegener Hochzäit déif an d'Täsche gräife muss.

Aus deem Grond hu sech d'Leonie Starr an de Matthew Porter entscheet, Käschten ze spueren a gläichzäiteg eppes Guddes fir d'Ëmwelt ze maachen.

Fir hir Dramhochzäit finanzéieren ze kënnen, mussen déi zwee am Ganzen 810.000 Fläschen asammelen, wat engem Wäert vun ëmgerechent 73.600€ entsprécht. E Mammutprojet, deem vill Leit aus hirem Ëmkrees ufanks kee Glawe schenke wollten. Eréischt no engem Mount hunn hir Famillje realiséiert, dass déi verléifte Koppel et eescht menge géing mat hirer Recycling-Iddi.

View this post on Instagram

Rock

A post shared by M A T T H E W J P O R T E R (@matthewforlife) on

D'Botze vun den australesche Stroossen huet sech bis elo mol gelount: Bannent engem Joer hu si 89.064 Vidange-Fläsche agesammelt, wat der Hochzäitskeess ronn 8.183€ abruecht huet.

Am November 2020 ass et esouwäit: Da gi si sech endlech d'Jo-Wuert. Bis dohin hu si Zäit, weider fläisseg Fläschen opzerafen. Zil ass et, keng eege Sue fir de groussen Dag mussen auszeginn, sou d'Leonie Starr.