Eng Foto aus dem Joer 1898 weist dräi Kanner virun enger Goldminn an den USA. Eent dovunner gläicht dem Greta Thunberg ganz staark.

D'Foto ass aus dem Archiv vun der University of Washington an ass och net gephotoshopt.

Déi eenzeg Erklärung, grad fir vill Verschwierungstheoretiker, ass, datt d'Greta an der Zäit zeréckgereest ass, fir schonn Enn vum 19. Joerhonnert unzefänken, de Klimawandel ze verhënneren.