Am Alter vu 65 Joer ass den däitschen Tëleesmoderator verstuerwen. Dëst huet säin enken Ëmkrees e Mëttwoch op Instagram matgedeelt.

Eréischt de 6. November hat de Walter Freiwald, deen ënner anerem an der däitscher Tëleessendung "Der Preis ist heiß" aktiv war, annoncéiert, datt hien u Kriibs erkrankt ass. 10 Deeg drop ass hie verstuerwen.

E Mëttwoch den Owend huet den enken Ëmkrees vum Ex-Dschungelcamp-Kandidat matgedeelt, datt hien de Kampf géint seng onheelbar Krankheet verluer huet.