Wéi et schéngt, gehéiere Lego, Barbien a Gesellschaftsspiller der Vergaangenheet un. Air pods, Smartphonen a Boergeld sinn den Ament a Moud.

"Mäi Meedche muss verréckt sinn", dat ass d'Reaktioun vum Papp op Twitter, deen nëmmen nach de Kapp iwwert de Wonschziedel vu senger Duechter rësele kann. Nieft engem neie MacBook, engem Chanel Portmonni an enger GoPro erwaart dat Klengt och vum "Weihnachtsmann", dass hien him 4.000 Dollar Boergeld schenkt.

Bis ewell gouf den Tweet ronn 25.000 Mol gedeelt. Weltwäit hu sech Elteren iwwert déi "affrontéiert" Lëscht opgereegt an op hir Kandheet verwisen. Si hätten vun hire Mammen, Pappen a Geschwëster gesot kritt, wat si sech als Famill leeschte kéinten, a wat net. Natierlech wär een als Kand traureg gewiescht, awer et hätt ee sech schonn am Alter vun 10 Joer Gedanken iwwert de Wäert vu Geld gemaach.

Eng Twitter-Userin huet sech d'Méi gemaach, eng Excel-Tabell unzeleeën, fir auszerechnen, wéi deier d'Kaddoe wieren, déi dem Meedchen no ënnert dem Chrëschtbeemche leie sollen: 12.776,89 Dollar! Eng Zomm, déi esou héich ass, wéi d'Akommes vun e puer Méint zesummen.

Dem Kand seng Wënsch huet awer net jiddereen eescht geholl. Vill Leit hunn iwwert d'orthographesch Feeler gelaacht a Witzer doriwwer gemaach. Wat de 24. Dezember ënnert dem Beemche leie wäert, ass net gewosst. Sécher ass awer, dass hatt en exklusive Goût huet.