De klenge Panda war ausgebéchst, ma net wierklech wäit komm. Hie war an der Regioun bliwwen an hat et sech op engem Bam an engem Gaart gemittlech gemaach.

De roude Panda war aus dem Zoo vu Saint-Martin-La-Plaine fortgelaf, war awer souguer am Duerf bliwwen. An engem Bam vun engem Awunner gouf hien entdeckt. De Besëtzer huet den Zoo kontaktéiert an d'Déier gouf nees agefaangen an zeréckbruecht.

D'Mataarbechter vum Zoo haten et fäerdeg bruecht, datt de Panda vum selwen vum Bam geklotert ass a konnten hein dunn ouni Problem afänken. D'Déier wier an engem gudden Zoustand, huet et vum Veterinär geheescht.

De Panda hat vum Schéi, deen an der Regioun war, profitéiert, fir auszebéchsen. Well doduerch houngen d'Äscht vun de Beem Déif an de Panda konnt doriwwer aus dem Zoo fortlafen.