Et gi Koppelen, déi passe gutt beieneen, anerer éischter manner. Mä u wat läit dat? Wéi siche mer eise Partner eraus a wie passt iwwerhaapt?

Wie passt eigentlech bei mech? Dat ass wuel d'Fro vun de Froen an der Léift. Meeschtens stelle sech déi Fro Leit, déi op der Sich sinn no engem neie Partner, an och wann een an enger Bezéiung ass, kënnen engem emol Zweiwel kommen.

Mir sichen eis e Partner eraus, dee grad esou attraktiv ass wéi mir selwer. Meeschtens. Wa nämlech jidderee versicht deen ze kréien, deen am beschten ausgesäit, da fäerte mer, dass mer e Kuerf kréien a ginn da lues a lues méi bescheiden an eisen Decisiounen.

Schéi Leit kréien e schéine Partner, een Duerchschnëttleche kritt och een duerchschnëttleche Partner. Dat kléngt zwar immens haart, ass awer wëssenschaftlech Realitéit.

Wéi sou dacks ginn et awer Ausnamen. Wann déi 2 optesch net beieneen passen, huet dat e Grond.

Dräi Psychologe vun der University of Texas wollten et méi genee wëssen. 167 Koppele goufe befrot, wéi si sech kenne geléiert hunn an hunn eng drëtt Persoun bestëmme gelooss, wéi attraktiv d'Koppel ass. An tatsächlech: bei eng attraktiv Persoun huet och en attraktive Partner gepasst.

Bei verschiddene Koppele goufen et awer Ënnerscheeder. An zwar déi, déi virdru scho Frënn waren, sech also gutt kannt hunn. Wat se sech virdru méi laang kannt hunn, wat den Ënnerscheed an der Attraktivitéit méi grouss war. Allerdéngs huet dat absolut näischt domadder ze dinn, wéi zefridden een a senger Bezéiung ass.

D'Erklärung ass: wann aus enger Frëndschaft eng Bezéiung gëtt, dann ass d'Attraktivitéit nëmmen nach zweetrangeg.

A souwisou geet et jo net ëmmer nëmmen ëm d'Ausgesinn: Intelligenz, Éierlechkeet a wéi trei een ass, gesäit ee kengem of. Vill vun dëse positive Charakterzich, erklären d'Wëssenschaftler, kéinten an der Bezéiung bewierken, dass eng Persoun fir ee selwer immens interessant gëtt, déi engem virdrun optesch mol guer net opgefall ass.