A Kanada huet sech ee Stroossemupp an e Gruef geluecht, sech aschneie gelooss, fir do 5 kleng Kazepuppelcher waarm gehalen.

Déi 2 Joer al Muppendamm hat déi kleng Kaze virun enger Woch an enger äiseg kaler Nuecht an engem verschneite Gruef bei Chatham an der Provënz Ontario waarm gehalen an huet hinnen esou d'Liewe gerett.

Eng Foussgängerin hat den ageschneiten Hond am Gruef gesinn an op den zweete Bléck och déi 5 kleng Kazepuppelcher, déi sech widder e gekuschelt hunn. Déi kleng Kazen hätten de kale kanadesche Wanter net iwwerlieft, sou eng Porte-parole vun der Déiereschutzorganisatioun "Pet and Wildlife Rescue".

Wéi d'Déieren zesummekomm sinn, ass net gewosst, ma am Déierenasyl huet d'Muppendamm sech weider ëm hir kleng Schützlinge gekëmmert.

Op Instagram sicht d'Organisatioun elo en neit Doheem fir d'Serenity, sou gouf d'Liewensretterin op 4 Patte genannt. Et gëtt als jonken Hond beschriwwen, voller Energie a kéint gutt mat Kazen.

Schonn iwwer 30 Leit hu sech gemellt, déi d'Serenity wëllen adoptéieren. Dat sécherlech och, well déi häerzeg Geschicht op de soziale Reseaue massiv gedeelt gouf. Vill Leit wënsche sech donieft, dass d'Muppendamm mat hire Kaze soll zesummebleiwen. Theoretesch méiglech, awer leider net ëmzesetzen, well d'Serenity schonn nächst Woch an en neit Doheem plënnere kann, soubal et steriliséiert ass, d'Kazekanner mussen awer nach e puer Wochen am Asyl bleiwen, fir do méi fit ze ginn.