Zu London dréint sech net nëmmen alles ëm de Kéis, ma och de Kéis selwer ass hei um dréinen... an zwar um éischten "cheese train" op der Welt.

Esou vill California Rolls a Maki iesse wéi ee packt an dat fir en akzeptabele Präis - dat ass d'Iddi hannert de Sushi Trains. D'Cheese Bar zu London huet dëst Konzept iwwerholl, bitt awer keng japanesch Spezialitéiten un, mä iwwer 25 verschidden Zorte brittesche Kéis.

Ze schéin, fir wouer ze sinn? Net bei dëser "Pick & Cheese experience" am Covent Garden. Fir all Goût ass hei eppes dobäi, Cheddar, Emmentaler awer och méi exquisit Zorten.

Virum nächste London-Trip stellt sech elo just nach d'Fro, ob ee Kleeder apake soll, déi eng oder awer léiwer zwou Gréissten ze grouss sinn?