Um Grondstéck vun der Villa Kellermann hu Bauaarbechter e Méindeg Schanken an e Scheedel vun engem Mënsch fonnt.

D'Schanke louchen ënnert dem Grondstéck vun enger Villa, déi dem Moderator vu "Wer wird Millionär" gehéiert, an där hien zesumme mam Chefkach Tim Raue e Restaurant leet.

Wéi d'Potsdamer Police matgedeelt huet, goufen nieft de Schanke verraschten eidel Patrounen entdeckt. D'Ermëttlungen hätten erginn, dass den Doudege warscheinlech e russeschen Zaldot aus dem Zweete Weltkrich war.

© twitter / PNR 24 - Cityreport