Am 21. Joerhonnert ass et üblech ginn, op Dating-Websäiten no der grousser Léift, engem beschte Kolleeg oder onverbindleche sënnlechen Aventuren ze sichen.

Op der App "GetPet" ginn engem eng Abberzuel loyal, verschmuusten a verfroosse Liewensbegleeder virgeschloen, déi owes no der Aarbecht op ee waarden an ee moies mat engem fiichte Kuss erwächen. Rieds ass hei net vun enger Fra oder engem Mann, mä vun engem horege Véierbeener. Ëmmer méi Hënn liewen hautdesdaags op der Strooss. Fir e puer vun dëse Muppen e bessert Liewen ze schenken, gouf eng Zort Tinder-App fir Hënn a Litauen an d'Liewe geruff.

Déijéineg, déi sech mat Tinder auskennen, mierken, dass d'Prozedur hei genau déi selwecht ass. Dem Notzer gëtt eng Foto vun engem Hond ugewise mat enger klenger Beschreiwung vu sengem Charakter. Seet de Mupp engem net zou, kann de User no lénks „swipen". Wëll een d'Fellnues kenneléieren, muss een no riets "swipen". Da gëtt vun der Organisatioun, déi hannert „GetPet" stécht, en Treffen organiséiert.

© Screenshot App Store

Fir d'Wuel vum Déier gëtt nach e weideren Zerwiss ugebueden. Bannent 14 Deeg ginn de Meeschter a säin neit Hausdéier vun engem Uspriechpartner betreit. Dëse kuckt, ob d'Harmonie tëscht béide stëmmt. Sinn déi zwou Woche bis eriwwer an Hond a Besëtzer hunn eng Bindung opgebaut, steet enger gemeinsamer Zukunft näischt méi am Wee.

Wéinst dem grousse Succès vun der App kann et gutt sinn, dass geschwënn och Kazen an aner Déieren op dësem Wee vermëttelt ginn. E Konzept, dat ville Véierbeener eng 2. Chance op e bessert Liewen erméiglecht. Net nëmmen op Appe wéi Tinder oder Lovoo kann een dat grousst Gléck fannen, ma och op "GetPet".