198 Salariéë konnte sech schonn 2 Woche virun Hellegowend iwwert e ganz spezielle Kaddo freeën...

Dëse koum awer net vum Chrëschtkëndchen, mä vum Chef héchstperséinlech. 198 Mataarbechter vun enger Firma zu Baltimore am US-Bundesstaat Maryland kruten eng Zomm an Héicht vu 50.000 Dollar (ronn 45.000 Euro) op de Kapp iwwerwisen. E Geste, dee fir vill Tréinen, Gejäiz a Freed gesuergt huet.

"Ech steieren zwar d'Boot, ma meng Mataarbechter sinn awer déijéineg, déi et um Lafen halen", sou den Entrepreneur Edward St. John. "Ouni Team si mir näischt", jidderee wier wichteg a senger Entreprise, dofir hätten déi ronn 200 Persounen de Bonus méi wéi verdéngt.