Am Live! Planet People geet ëm d'Modellen, ëm d'Mammendéieren-Stëftung an ëm de Pacific Crest Trail.

De Steve Rodrigues huet eréischt virun engem Joer säin éischte Fotoshooting gehat. De leschte Weekend war hien zu Istanbul an huet matgemaach bei der Sich nom "Best Model of the world". Elo däerf e sech "Face model of the world" nennen.

De Laurent Schley ënnerstëtzt déi europäesch Mammendéieren-Stëftung fir 270 Aarten an Europa ze repertoriéieren, an organiséiert dofir e Crowdfunding. Hanner dësem Projet stécht genuch Aarbecht, well hie sicht zesumme mat senge Kolleegen op enger Gesamtfläch vun 11.442.500 Quadratkilometer.

Mat deenen Donnéeë gëtt den Atlas vun den europäesche Mamendéiere gefiddert, deen 2024 erauskënnt.

Vu Mäerz bis September huet de Guy Christen beim "Pacific Crest Trail" gemaach an huet domadder d'Fondatioun Kriibskrank Kanner ënnerstëtzt. Am ganzen huet hien a 6 Méint 4.300 Kilometer zeréckgeluecht a ganz niewebäi och nach 13.500 Euro gesammelt.