Op Twitter ass den US-President ganz aktiv. Ma zum Deel kritt hien och hei Paroli gebueden, wat am Fall vum Greta Thunberg scho witzeg ass.

Op der Cop25 gouf vill diskutéiert, geschwat, gestridden a vläicht och gejaut. Den US-President Donald Trump ass awer do net mat jidderengem averstanen. Rezent huet e jonkt Meedchen aus Schweden et do op d'Twitter-Ofschoss-Lëscht vum US-President gepackt:

"Esou lächerlech. D'Greta muss seng Aggressiounen an de Grëff kréien an da richteg op déi gutt an al Manéier mat engem Frënd e Film kucke goen. Chill, Greta, Chill."

Déi jonk Klimaaktivistin huet op d'Aussoe vum mächtegste Mann vun der Welt reagéiert. Natierlech, wéi sollt et anescht sinn, op Twitter an do gouf et eng hefteg Punchline zeréck. An der Erklärung vu sengem Profil steet elo ze liesen:

"En Teenager, deen u sengen Aggressioune schafft. Aktuell am gaangen ze chillen a mat engem Frënd op déi gutt an al Manéier e Film ze kucken."