Lëtzebuerg an de Cap Vert sinn zwee Länner, déi geschichtlech bedéngt enk Relatioune mateneen hunn...

A grad hei boomt den Ament d’Tourismusbranche a bitt domadder villen och eng Zukunftschance. Den internationale Marché huet eng 400 Milliounen Dollar an den Tourismus am Land investéiert.

Och Lëtzebuerg bedeelegt sech aktiv, andeems een zum Beispill de Bau vun enger Hotelschoul finanzéiert huet, fir der grousser Nofro vun Aarbechtskräften an dësem Secteur entgéint ze kommen.

Haut an zwee Joer wëll de Cap Vert all Joers eng Millioun Touristen unzéien an dofir sinn esou Projete wéi d’Hotelsschoul méi wéi wëllkomm. An de Succès gëtt hinne Recht: 8 Studente vun 10 fannen no hiren Etüden hei och eng Plaz.