Déi däitsch Musekswelt huet eng nei Dramkoppel: d'Lena Meyer-Landrut an de Mark Foster.

Laang ass d'Koppel an hirer éischter Vakanz net roueg bliwwen. Kuerz nodeems d'Gäscht am Luxushotel um Tegernsee déi 2 Verléiften entdeckt hunn, huet d'Nouvelle d'Ronn gemaach. Wéi et schéngt, ass d'Museker-Koppel och schonn e puer Méint zesummen an hunn hir éischt Libes-Vakanz matenee verbruecht.

Béid Sänger kenne sech duerch e puer Musek-Sendungen, wéi zum Beispill "The Voice Kids". Do hätt et och schonn en Interessi een un deem anere ginn, ma bis ewell wier ëmmer een an enger Bezéiung gewiescht.

Am Januar 2019 hat d'Lena Meyer-Landrut sech offiziell vum Basketspiller Max von Helldorff getrennt. De Mark Foster hat sech eréischt viru Kuerzem vu senger Frëndin getrennt, mat där hien 10 Joer zesumme war an awer ëmmer geheim gehalen hat.