Si war Member an der Nidderkuerer "Fanfare", si huet en Zwillingsbrudder, si ass grousse Fan vun Jazz-Musek a si ass mat 18 Joer der Arméi bäigetrueden.

An der Arméi huet si och hire Mann kennegeléiert, vun deem si awer mëttlerweil getrennt ass. Rieds ass vun der Ex-Prinzessin vu Lëtzebuerg, dem Tessy Antony de Nassau, eng Damm, déi vill an der Ëffentlechkeet steet an och vill uechter d'Welt ënnerwee ass.

Mir hu si zu Lëtzebuerg getraff a stellen Iech d'Tessy elo e wéineg anescht vir, an eisem "Kuerz a Knapp".