Vun Enn Januar u kënne Gourmangen an engem éischter aussergewéinlechen Hotelszëmmer iwwernuechten. Eng Plaz, wou sech alles ëm Kéis dréit.

Am Londoner Staddeel Camden ass et tëscht dem 29. Januar an dem 6. Februar méiglech, an der "Cheese Suite" ze schlofen. Giel an appetitlech wäert den Inventar ausgesinn, vun Tapéiten, Miwwelstécker bis hin zu Seef mat Kéisgeroch.

D'Iwwernuechtunge si limitéiert. Net méi wéi eng Nuecht kann een an dësem "Schlaraffenland" verbréngen. Déi gutt Noriicht ass awer, dass ee fir den Openthalt net bezuele muss. Gäscht si gebieden, e Don fir de gudden Zweck un "The Prince's Trust" ze maachen.

Wien net genuch vun Emmentaler, Gouda & Co kréie kann, dee ka sech bis den 21. Januar online registréieren an hoffen, ee vun de gléckleche Kandidaten ze ginn, deen am éischten Hotelszëmmer op der Welt anchecken dierf, an deem alles nom Motto Kéis ageriicht ass.

No dësem Trip stellt sech just nach d'Fro, ob een net awer op eemol de Kéis vun deem ville Kéis huet?