Am Live! Planet People goung et e Freideg den Owend ëm Molerei, d'Ausstellung "Geckeg Vullen" an d'Expo Creativ.

Schonn als Kand wollt den Emil Antony Konschtmoler ginn, awer en anere Wee war fir hie virgezeechent. Mat 32 Joer hat e seng éischt Ausstellung a verbënnt an der Molerei seng aner grouss Léift zu Afrika an den Déieren, déi e reegelméisseg op Safari moolt. Elo an der Pensioun hänke seng Tableaue mat wëllen Déieren iwwer munch engem Kamäin.

De Claude Heidt ass den Dr. Dolittle aus dem Naturmusée an huet elo d'Ausstellung "Geckeg Vullen" organiséiert. De Biolog ass duerch säi privaten a professionellen Interessi fir d'Vullen och Ornitholog. Hie schafft am Musée fir de Panda Club an dierft hei Generatioune vu Kanner an de leschten 30 Joer zu engem Begrëff gi sinn.

D'Heike Schäfer krut d'Kreativitéit an d'Wéi geluecht a peppt Wunnengen op, och dëse Weekend op der Expo Creativ. Als Teenager huet si schonn al Miwwele bemoolt an Textilie verschéinert an hir Leidenschaft ass et nach ëmmer, Iddien a Produiten z'entwéckelen.