Mam Joreswiessel muss een net nëmmen dorun denken, 2020 amplaz vun 2019 op offiziell Dokumenter ze schreiwen.

Ma och d'Ofkierze vun der Joreszuel 2020 soll ee sech besser ofgewinnen. Weltwäit warnen nämlech Autoritéite virun der Schreifweis "20". De Grond dohannert ass einfach: Onéierlecher kënnen esou Dokumenter fälschen, andeems si aus "20" zum Beispill "2019" maachen. Op dës Manéier kann de selwechte Scheck e puer Mol ageléist ginn oder en Dokument als ongülteg gëllen.