Eréischt viru Kuerzem hunn de Prënz Harry a seng Fra Meghan annoncéiert, dass si wéilte finanziell onofhängeg ginn.

An der brittescher Zeitung "Times" gouf beriicht, dass et schonn eng Job-Offer fir d'Herzogin vu Sussex géing ginn, fir sech hire Liewensënnerhalt selwer ze finanzéieren. D'Meghan soll nämlech als Synchronspriecherin an engem neien Disney-Film schaffen. Dat als Géigenzuch fir eng Spend an onbekannter Héicht fir "Elephants Without Borders". D'Organisatioun setzt sech fir de Schutz vu wëllen Déieren a Botsuana an.

An de soziale Medie geet vun der Rumeur Rieds, dass de sougenannten "Voice-over" schonn opgeholl gouf, an dat anscheinend scho virun hirer Auszäit a Kanada. Offiziell confirméiert gouf dëst allerdéngs nach net.