Bei sengem éischten Optrëtt no Silvester huet de Poopst nees fir Gespréichsstoff an de sozialen Netzwierker gesuergt.

Wärend der General-Audienz e Mëttwoch wollt nämlech eng 83 Joer al Nonn e Kuss vun him kréien. E Gefalen, deem de Poopst Franziskus nokomm ass. Ma virum Kuss huet hien déi Gleeweg awer missen dorop hiweisen, dass si hien net bäissen dierft. "Bleif roueg, ech wäert dir e Kuss ginn, awer bleif roueg. Net bäissen!", ware seng Wierder.

Dësen ironeschen Ëmgang war wuel eng Uspillung op säi Faux pas u Silvester, wéi hien enger Fra eng op d'Hand ginn hat, nodeems si fest un him gerappt hat.