De japanesche Milliardär Yusaku Maezawa ass frësch getrennt a sicht eng nei Partnerin. Mat enger ganz spezieller Annonce sicht hie säi Gléck.

De Yusaku Maezawa soll als éischte Weltraum-Tourist 2023 de Mound mat SpaceX ëmkreesen an dat wëll hien net eleng maachen. Hie sicht eng Single-Fra, déi hien op dëser aussergewéinlecher Rees wëll begleeden. Schonn 2018 hat hien erkläert, hie wéilt op senger Mound-Rees 6 bis 8 Kënschtler mathuelen, fir de Konschtprojet #dearMoon ze realiséieren.

Ob dëst elo nach aktuell ass, ass net gewosst. Op Twitter huet de 44 Joer ale Milliardär op seng nei Aktioun verwisen, eng Fra "am Alter vun 20 oder méi al" als Begleedung ze sichen. Si soll eng "hell Perséinlechkeet" hunn, "ëmmer positiv" sinn an - ganz wichteg - sech Weltfridde wënschen. Begleet gëtt d'Partner-Sich vun enger TV-Show, déi sech "Full Moon Lovers" nennt.

De Yusaku Maezawa huet präziséiert, säi Liewe genee esou gelieft ze hunn, wéi hien et wollt. Hien huet 3 Kanner mat 2 Fraen an huet sech viru Kuerzem vun enger japanescher Actrice getrennt.
"Elo, wou d'Gefiller vun Elengsi méi staark ginn, gëtt et just nach eng Saach, un déi ech denken: weiderhin eng eenzeg Fra gär ze hunn", sou de Maezawa.

Nach bis de 17. Januar kënnen interesséiert Frae sech mellen, bis Enn Mäerz wëll de Milliardär sech da fir eng Begleedung decidéieren.