Hien ass de Playboy ënnert den Deckelsmouken. Déi 100 Joer al Risendeckelsmouk Diego huet seng Aart virum Ausstierwe gerett, zesumme mat 12 Weibercher.

No gutt 50 Joer dierf den Diego endlech a seng wuelverdéngte Pensioun an a seng Heemecht am Galápagos-Archipel zeréck. Deemools goufen et just 2 Männercher an 12 Weibercher vu senger Aart (Chelonoidis hoodensis) op der Insel Española. Vun do aus goung et op d'Insel Santa Cruz, wou d'Risendeckelsmouke sech am Kader vun engem Programm sollte reproduzéieren.

Mat Succès. Den Informatioune vum Nationalpark no soll den Diego fir op d'mannst 40% vun den 2.000 Nokomme responsabel sinn. Ronn 1.800 Deckelsmouken hu schonn dierfen zeréck op Española a kënne sech do fräi no Loscht a Laun reproduzéieren.

Den Diego ass ronn 80 Kilo schwéier an ass knapp 1,5 Meter grouss, wann e säin Hals a seng Been ausstreckt. Seng Geschicht steet am staarke Kontrast zum "Lonesome George". Dës Risendeckelsmouk ass 2012 am Alter vun iwwer 100 Joer gestuerwen a war dee Leschte vu senger Aart (Chelonoidis abingdoni).